Ëmfro

Ëmfro iwwert Geschäfts- a Fräizäitreesen
Dës Ëmfro bezitt sech op d ‘Reesverhale vun den Awunner vu Lëtzebuerg während de leschten 3 Méint virun der Ëmfro. Gefrot gëtt ob d’Persoune Geschäftsreesen oder Vakanze gemaach hunn oder net.

D’ Froe bezéien sech op

  • de Mount an d’Dauer vun der Rees,
  • d‘ Land vun der Rees,
  • d‘ Transportmëttel an d’ Plaz vun der Iwwernuechtung,
  • d‘ Käschte vun der Rees …

Sidd Dir virwëtzeg ginn? … hei déi lescht Resultater

Méi Informatioune kritt Dir op der Internetsäit vum STATEC.

Des Ëmfro (baséiert op dem règlement (CE) n° 692/2011 du Parlement européen et du Conseil du 6 Juillet 2011) gëtt vun T.I.P. BIEHL & PARTNER am Optrag an ënnert der methodologescher Responsabilitéit vum STATEC duerchgefouert. Si gëtt all Trimester bei engem representativen Echantillon vun der Bevëlkerung vu 15 Joer a méi duerchgefouert.