FAQ

 

Firwat dës Ëmfro an firwat sinn ech betraff?

Dës Ëmfro gëtt gemaach fir Informatiounen ze kréien iwwert d’Reesgewunnechte vun de Leit (15 Joer a méi) déi hei am Land liewen. Se behandelt verschidde Beräicher aus dem Tourismus wéi Fräizäitreesen a Geschäftsreesen (Destinatioun, Dauer, Transport, Logement, Käschten). Resultater gi gebraucht fir: Chercheuren, Journalisten, Enseignanten an ëffentlech Acteuren. Vun den 600.000 Residenten aus dem Land, gi 5000 Leit duerch Zoufall erausgesicht déi d ‘Diversitéit an eisem Land duerstellen. Dier gehéiert derzou.

Wien kann an wien muss bei dëser Ëmfro matmaachen?

Aus methodesche Grënn, däerfe nëmmen déi Leit matmaachen, déi vum STATEC e Bréif kréien fir un dëser Ëmfro deel ze huelen. Déi Leit goufen nom Zoufallsprinzip aus dem Nationale Register vun de natierleche Persounen erausgesicht(méi Informatiounen um Site Guichet.lu.) De Froebou kann ausnamsweis vun enger anerer Persoun aus dem Stot ausgefëllt ginn obschonn dëst aus Qualtitéitsgrënn eng Ausnam bleiwe muss. Déi Persoun muss dann och genee informéiert sinn iwwert d’Reesgewunnechte vun der Persoun déi ugeschriwwe gouf.

Ech sinn net gereest, muss ech de Froebou trotzdeem beäntweren?

Jo, fir dass Resultater e Gesamtbild vun de Reesgewunnechten opweisen vun de Leit déi am Land wunnen, ass et wichteg d’ Ëmfro ze beäntweren, och wann Dier net verreest sidd.

Ech hu schonn bei esou enger Ëmfro vum Statec matgemaach, woufir muss ech erëm bei enger anerer Ëmfro matmaachen?

Dat ka virkommen. Déi Leit déi gefrot gi fir matzemaachen, ginn duerch Zoufall erausgewielt. Well mer e klengt Land sinn an Europäesch Regulatiounen vill Ëmfroe virgesinn, ass d‘Wahrscheinlechkeet e puermol erausgewielt ze ginn zu Lëtzebuerg méi grouss wéi zum Beispill a Frankräich, an Däitschland oder an der Belsch.

Sinn ech verflicht matzemaachen?

Dier sidd verflicht am gesaten Delai an och richteg ze äntweren fir net, wéi am Gesetz virgesinn, (Loi du STATEC du 10 juillet 2011) eng Strof mussen ze bezuelen.

Wei kann ee wëssen op et eng Ëmfro ass vum Statec oder eng Arnaque?

Wat d ‘Ëmfro vum Tourismus ugeet, schéckt de STATEC Iech e Bréif fir Bescheed ze soen an iech opzefuerderen fir matzemaachen. Dier kënnt dann och op eisem Site kontrolléieren ënnert dem Onglet: “Enquêtes en cours“ op esou eng Ëmfro vum STATEC grad duerchgefouert gëtt. (https://www.statistiques.public.lu/fr/index.html).

Ass et anonym? Wie ass et mat der Confidentialitéit vun den Donnéeën?

Äre Numm an är Adress ginn nëmme benotzt fir am Kader vun der Ëmfro Kontakt mat Iech opzehuelen. Är Coordonnéeë sinn a kengem Fall mam Fichier vun ären Äntweren verbonnen. Är Äntweren ginn nëmme fir statistesch Zwecker benotzt an a kengem Fall fir administrativ oder fiskal Zwecker. Individual Donnéeë ginn a kengem Fall publizéiert. All Mataarbechter

a Mandataire vum Statec sinn perséinlech gehalen de “Secret Statistique” anzehalen. Et sinn disciplinaresch a Geldstrofe virgesinn.

Firwat maachen déi eng Leit iwwer Telefon mat an anerer iwwert Internet?

Verschidde Leit äntweren léiwer iwwer Telefon, anerer léiwer direkt iwwert Internet. Dofier hu mier dëse Wee gewielt. Mir hunn eisen Echantillon esou opgestallt dass déi Leit mat enger Telefonsnummer op Editus.lu oder Yellow.lu iwwer Telefon kontaktéiert ginn an déi aner kënnen direkt um Internet de Froebou ausfëllen. Dier hutt awer och d’Méiglechkeet ze wiesselen. Wann Dier léiwer ugeruff gitt, deelt eis är Telefonsnummer an äre Code d’Accès weg per Email mat op d’Adresse: tour@statec.etat.lu oder per Telefon op där Nummer déi um Bréif steet.

Wéi hutt Dier meng Telefonsnummer kritt?

Mier hunn se op Editus.lu oder Yellow.lu nogesicht.

Kann ech e Froebou op Pabeier kréien?

De Moment geet dat nach net. Et wäert awer a nächster Zukunft méiglech sinn.

Wee rifft mech un a wéini ?

Dier kritt en Uruff vu engem Mataarbechter(in) vun enger däitscher Gesellschaft mam Numm T.I.P Biehl & Partner vun Tréier. Hier Mataarbechter ruffen Iech an de 6 Wochen no der Receptioun vum Bréif vum STATEC un vu Méindes bis Freides zwëschen 17.00 an 20.30 Auer oder Samschdes vun 11.00 bis 16.00 Auer. Dier kënnt awer och een Termin mat den Enquêteuren ausmaachen op en Zäitpunkt deen Iech besser geet. Sonndes an wärend de Feierdeeg gi Dier net ugeruff.

Wéi eng Sprooche kann ech eraussichen?

Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch oder Englesch.

Wei laang dauert den Interview ?

Ongeféier 10 bis 15 Minutten, et hänkt dervun of wéi vill Reesen Dier am leschten Trimester gemaach hutt.

Firwat betreffen d’ Froen iwwert d ‘Reesen nëmmen e puer Méint am Joer ?

De kuerzen Zäitraum ass fir dass een sech besser erënnert. Dier gitt gefrot zu de Reesen déi Dier am leschten Trimester ënnerholl hutt. (Januar bis Mäerz, Abrëll bis Juni, Juli bis September oder Oktober bis Dezember.) D ‘Ëmfro leeft iwwert dat ganzt Joer, an esou ginn ëmmer aner Leit gefrot fir een Trimester. Um Enn fannen mier esou d ‘Reesverhalen iwwert e ganzt Joer eraus.

Wat bedeit eng Rees vun engem Dag?

Dëst ass eng Rees ouni Iwwernuechtung. Et handelt sech dobäi em aussergewéinlech touristesch Deplacementer oder fir d‘ Aarbecht déi awer onreegelméisseg duerchgefouert ginn. Mat onreegelméisseg menge mir manner ewéi eng Kéier an der Woch.

Firwat brauch der de Revenu vu mengem Stot oder mäi Schoulofschloss?

Dës Froen an aner sozial-demografesch Froen erméiglechen eis, Zuelen vun alle Persounen zesummegefaasst no verschiddene Kriteren ze berechnen, an d’Qualitéit vum Echantillon ze iwwerpréiwen.

Ech hunn mäi Computer ausgemaach an ech hunn de Froebou nach net ganz beäntwert, wat soll ech maachen?

Déi Donnéeën déi Dier aginn hutt, si net verluer an Dier kënnt weiderfueren. Dier musst just erëm op den Internetsite goen an äre Code d’accès era ginn. Da komm Dir erëm op déi Plaz wou Dier ënnerbrach hutt a musst net vu vir ufänken.

Wéini a wou kann ech d’ Resultater vun der Ëmfro gesinn?

Am Summer no der Ëmfro(zum Beispill: Dir sidd iwwert är Deplacementer am Joer 2017 gefrot ginn, da sinn d’ Resultater am Summer 2018 disponibel). Et ass eng laang Prozedur well mer mussen déi 4 Trimestere vun engem Joer ofwaarden an d’Informatiounen regroupéieren. Op eisem Site kënn Dir rezent Publikatioune nokucken.(https://www.statistiques.public.lu). Déi leschten Zuele fannt Dier och op dëser Adresse.

Kann ech mech aschreiwe fir eng nächst Ëmfro/Kann ech aus der Lëscht eraus geholl ginn?

Participante vun eisen Ëmfroen ginn duerch Zoufall erausgewielt fir dass mier e gutt Bild vun der Realitéit kréien. Wann Dir eraus gesicht gouft fir bei dëser Ëmfro mat ze maachen, kann de STATEC iech net ersetzen an net eraushuelen. Firwat? Well et soss keen Zoufall méi wär wat d’Zesummestellung vun de Leit ubelaangt déi am Echantillon sinn, an d ‘Qualitéit vun de Resultater géif drënner leiden.