Dateschutz

Informatiounen zum Schutz vun Äre perséinlechen Donnéeën

Är perséinlech Donnéeë gi vum STATEC verschafft. Gesammelt ginn d’Donnéeë fir de STATEC vu sengem ‚Sous-traitant‘ T.I.P Biehl & Partner. D’Zil vun der Ëmfro ass, Informatiounen ze erfaassen iwwert Reesgewunnechte vun de Läit, déi zu Lëtzebuerg wunnen. D’Ëmfro befaasst sech mat Fräizäit- a Geschäftsreesen. Se baséiert op der Europäescher Veruerdnung (EU) Nr. 692/2011 iwwert Tourismusstatistik. Är perséinlech Donnéeë gi spéitstens no zwee Joer no der Ëmfro definitiv geläscht. Dem Gesetz vum 10. Juli 2011 no ass d’Participatioun un dëser Ëmfro obligatoresch. Keng Äntwert oder eng absichtlech falsch Äntwert kann zu finanzielle Sanktioune féieren. Dës gesetzlech Bestëmmung déngt derzou, d’Qualitéit vun den erstallte Statistiken ze verbesseren. Se erméiglecht dem STATEC, op zouverlässeg a representativ Donnéeë vun der usässeger Bevëlkerung zeréck ze gräifen. Dir kënnt Iech fir eng Reklamatioun un den Dateschutzbeoptragte vum STATEC wende per Bréif: DPO // STATEC // B.P. 304 // L-2013 Luxembourg, iwwert Telefon 24788492, oder per E-Mail dpo@statec.etat.lu. Hei kritt Dir och Informatiounen iwwer Är Rechter no den Artikelen 15 bis 21 vun der europäescher Dateschutzgrondveruerdnung (EU) Nr. 2016/679 a Bezuch op d’Asiicht, d’Verbesseren an d’Läsche vun Äre perséinlechen Donnéeën, d’Recht op d’Limitéiere vun oder d’Oppositioun zu der Veraarbechtung an och d’Recht op d’Portabilitéit vun dësen Daten. Dir hutt och d’Méiglechkeet, eng Plainte bei der Nationaler Dateschutzkommissioun anzereeche mat engem Bréif un: CNPD // 1, avenue du Rock’n’Roll // L-4361 Esch-sur-Alzette oder iwwert Telefon 2610601.